NEI: Cours-Offeren zu Maarnech

Am Kader vun den Elterefore vum MENJE, bitt d’Initiativ Liewensufank zu Maarnech ab Januar verschidde Coursen un:

  • Geburtsvorbereitung
  • Nei-Gebueren als Famill
  • SpielRaum
  • Bewegung und Spiel
  • Erste Hilfe am Kind

An der Schwangerschaft bidde mir « Geburtsvorbereitung », doriwwer eraus geet de Cours « Nei-Gebueren als Famill. Béid Coursen « SpielRaum » an « Bewegung und Spiel » bidden de Kanner ab 3 Méint zesumme mat hiren Elteren  d’Méiglechkeet, de Raum an d’Spillsaachen an hirem Tempo z’entdecken. Den « Erste Hilfe am Kind » ass e Crashcours fir Elteren.

 

Mir bidden dës Coursen och nach op anere Plazen am Land un. Detailer dozou fannt Dir hei.

———————————–

D’Elterefore si Plazen, op deenen all d’Eltere sech austauschen, informéieren a begleede loosse kënnen.
Et si Raim, an deenen d’Eltere sech an engem frëndleche Kader begéine kënnen, a wou si an allen Dimensioune vun hirem Elteresinn ënnerstëtzt a gestäerkt ginn.
De Service Eltereforum schafft preventiv no enger Approche, déi sech un de Stäerkten a Besoine vun den Elteren orientéiert.
D’Eltereforen erliichteren e vernetzt Zesummeschaffen a stäipe sech dobäi op e breede Spektrum u kompetente Partner am Zesummenhang mam Elteresinn.

Zurück