Scheck Iwwerreechung vun „Aktiv Frae Miersch“

Op hirem Second Hand Maart am Februar/Mäerz hunn „Aktiv Frae Miersch“eng nei Rekord Zomm vu 50.000€ zesummekritt, si hu gutt a fläisseg dofir geschafft! De Freideg, 26. Abrëll, war d’Initiativ Liewensufank ënnert de glécklechen Associatiounen, déi bei enger Feier e Scheck iwwerreecht kruten. Den Don an der héicht vun 3.500€ ass fir eis a.s.b.l. eng grouss Hëllef, well mir domadder ënnert anerem och bedierfteg jonk Familljen ënnerstëtze kënnen.
Mir soen all den „Aktiv Frae Miersch“ op dëser Plaz nach emol e groussen MERCI, dass si un eis geduecht hunn!
Foto: Charles Reiser
Zurück