Podcast „Wann d‘Kraaft op en Enn geet – Burnout parental erkennen an net eleng domat bleiwen“ – Emissioun vum 20. Oktober ’25
Burnout parental ass nach ëmmer e Tabu, trotzdeem gëtt et ëmmer méi Elteren, déi sech erschëpft an iwwerfuerdert mat hire Kanner spieren. An dëser Episode konnt eis Sozialpädagogin Méline Heuer erkläre wat de Burnout parental bedeit a wat e maache ka wann en am Fall ass.
Podcast „BabyPLUS“ – Emissioun vum 10. November ’25
De BabyPLUS ass e gratis Service deen a verschidde Partnergemenge Famille begleet, déi grad e Puppelchen erwaarden an/oder kruten. Am Mëttelpunkt stinn d’Bedierfnisser vun den Elteren an d’Zil, hinnen an enger usprochsvoller Zäit professionell a mënschlech zur Säit ze stoen. Invitée ass d’Sandrine Bruno, Koordinatorin vun dësem Service.
Podcast „Wéini schléift de Puppelchen dann endlech duerch?“ 1. Dezember ’25
D’Fro “Schléift en da schonn duerch?“ kennen déi meescht Elteren – a fillen dobäi heiansdo Drock oder Zweifel. Wéi e gesonde Bëbeeschlof wierklech ausgesäit, a firwat dat Duerchschlofen dacks e Mythos ass, erkläert d’Martine Blasius, Coordinatrice vun eisem Service Berodung am Interview. Firwat Bëbeeën anescht wéi Erwuessener schlofen a wéi Eltere léieren, domat entspaant ëmzegoen héiert Dir am Podcast.
Podcast „Firwat ass e Gebuertsvirbereedungscours wichteg?“ 5. Januar ’26
D’Gebuert ass ee vun de bedeitendste Momenter am Liewe vun enger Fra – a gläichzäiteg eng vun de gréisste Verännerungen. Eng gutt Virbereedung kann dobäi hëllefe Rou, Vertrauen a Selbstsécherheet ze fannen. D’Martine Blasius, Diplom-Pädagoginerkläert, firwat et sech lount sech Zäit fir d’Virbereedung ze huelen a stellt eis verschidde Coursë vir – vu klassesche Gebuertsvirbereedungscoursen iwwer Hypnobirthing bis zur Stëllvirbereedung.
Weider Terminer:
- 02.Feb
- 02.März
- 13.Abr
- 04.Mee
- 01.Jun
- 06.Jul
