Eise Service BabyWELCOME ënnerstëtzt Fraen a Mannerjäreg, déi schwanger sinn oder viru kuerzem entbonnen hunn, souwéi hir Famillen – egal ob si Demandeuren um internationale Schutz (DPI), Beneficiairen vum Flüchtlingsstatut (BPI) oder an enger irregulärer Situatioun sinn.
Dank der wäertvoller Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale hu mir eis Ekipp vu Beroderinnen kënne verstäerken!
Mir kënnen elo erëm all déi (zukünfteg) Mammen ënnerstëtzen, déi an den Ënnerkonftsstrukturen uechter ganz Lëtzebuerg wunnen.

