Podcast mat eiser Ekipp um Radio 100,7

An engem regelméissege Podcast dierfe mir verschidde Sujeten an och eis Servicer um Radio 100,7 vierstellen. Anzwar an der Sendung „Aus dem Liewen“ vum Angie Maquil. Mir freeën eis, dass mir an dëser Sendung reegelméisseg e klenge Bäitrag leeschten dierfen a si ganz Dankbar fir des wonnerbar Plattform.
 
Eis Coordinatrice Sandrine Bruno stellt de Service BabyWELCOME vier. Hei gi geflüchte Fraen a Famille ronderëm Schwangerschaft a Gebuert ënnerstëtzt. Duerch kultursensibel Begleedung an Opklärung hëlleft de Service dobäi e sécheren a respektvollen Ufank an d’Eltereroll ze fannen

Podcast „Wann d‘Kraaft op en Enn geet – Burnout parental erkennen an net eleng domat bleiwen“ – Emissioun vum 20. Oktober
Burnout parental ass nach ëmmer e Tabu, trotzdeem gëtt et ëmmer méi Elteren, déi sech erschëpft an iwwerfuerdert mat hire Kanner spieren. An dëser Episode konnt eis Sozialpädagogin Méline Heuer erkläre wat de Burnout parental bedeit a wat e maache ka wann en am Fall ass.

Podcast „BabyPLUS“ – Emissioun vum 10. November
De BabyPLUS ass e gratis Service deen a verschidde Partnergemenge Famille begleet, déi grad e Puppelchen erwaarden an/oder kruten. Am Mëttelpunkt stinn d’Bedierfnisser vun den Elteren an d’Zil, hinnen an enger usprochsvoller Zäit professionell a mënschlech zur Säit ze stoen. Invitée ass d’Sandrine Bruno, Koordinatorin vum Service bei der Initiativ Liewensufank

Weider Terminer:

  • 01.Dez
  • 05.Jan
  • 02.Feb
  • 02.März
  • 13.Abr
  • 04.Mee
  • 01.Jun
  • 06.Jul
Zurück