Podcast « Wann d‘Kraaft op en Enn geet – Burnout parental erkennen an net eleng domat bleiwen » – Emissioun vum 20. Oktober ’25
Burnout parental ass nach ëmmer e Tabu, trotzdeem gëtt et ëmmer méi Elteren, déi sech erschëpft an iwwerfuerdert mat hire Kanner spieren. An dëser Episode konnt eis Sozialpädagogin Méline Heuer erkläre wat de Burnout parental bedeit a wat e maache ka wann en am Fall ass.
Podcast « BabyPLUS » – Emissioun vum 10. November ’25
De BabyPLUS ass e gratis Service deen a verschidde Partnergemenge Famille begleet, déi grad e Puppelchen erwaarden an/oder kruten. Am Mëttelpunkt stinn d’Bedierfnisser vun den Elteren an d’Zil, hinnen an enger usprochsvoller Zäit professionell a mënschlech zur Säit ze stoen. Invitée ass d’Sandrine Bruno, Koordinatorin vun dësem Service.
Podcast « Wéini schléift de Puppelchen dann endlech duerch? » 1. Dezember ’25
D’Fro “Schléift en da schonn duerch?“ kennen déi meescht Elteren – a fillen dobäi heiansdo Drock oder Zweifel. Wéi e gesonde Bëbeeschlof wierklech ausgesäit, a firwat dat Duerchschlofen dacks e Mythos ass, erkläert d’Martine Blasius, Coordinatrice vun eisem Service Berodung am Interview. Firwat Bëbeeën anescht wéi Erwuessener schlofen a wéi Eltere léieren, domat entspaant ëmzegoen héiert Dir am Podcast.
Podcast « Firwat ass e Gebuertsvirbereedungscours wichteg? » 5. Januar ’26
D’Gebuert ass ee vun de bedeitendste Momenter am Liewe vun enger Fra – a gläichzäiteg eng vun de gréisste Verännerungen. Eng gutt Virbereedung kann dobäi hëllefe Rou, Vertrauen a Selbstsécherheet ze fannen. D’Martine Blasius, Diplom-Pädagoginerkläert, firwat et sech lount sech Zäit fir d’Virbereedung ze huelen a stellt eis verschidde Coursë vir – vu klassesche Gebuertsvirbereedungscoursen iwwer Hypnobirthing bis zur Stëllvirbereedung.
Weider Terminer:
- 02.Feb
- 02.März
- 13.Abr
- 04.Mee
- 01.Jun
- 06.Jul
