Erdrénken dinn dach just di aner…

Désolé, cet article n’est pas disponible dans cette langue

Waasser ass en Element, wat mir an der Famill mat vill Freed verbannen. Schonn ëmmer si mer heefeg an d’Schwämm gaangen, an hunn eise Bouf (4) gäre bei sengen éischte Schwammversich begleet. Hie selwer war scho bal eng „Waasserrat“ an huet och ganz gären a gutt getaucht. Wéi vill aner Elteren, hu mir och keng Gefor am Waasser gesinn, a just opgepasst, hien a mi jonke Joren net eleng an der Bidden ze loossen an en an der Schwemm ëmmer begleet. Bis…

Et war e schéine Summerdag, mir ware bei engem Frënd op e Grillfest invitéiert. Op dem Uwiese goufen et vill flott Spillméiglechkeete fir d’Kanner, eng kleng Baach, vill Wiss, an en (a Bëtong) agefaaste klenge Weier, de mat äiskalem Quellewaasser gespeist gouf. Mir hunn eng schéin Zäit verbruecht. Et war ëmmer iergendwou en Erwuessenen, den e Bléck op d’Kanner hat, sou konnt en entspaant Gespréicher ënnert Erwuessener féieren.

E vun eise Gespréicher war, skurilerweis, iwwer d’Erdrénke vu Bebeën. An engem éischt Hëllef Cours iwwer Kanner, bei der Initiativ Liewensufank, war ech viru Jore ganz erstaunt doriwwer, dass bei Krabbelkanner en Eemer Waasser fir d’Erdrénken duer geet. Als Beispill huet d’Coursleaderin genannt, wann en fir ze Botzen en Eemer mat Waasser gefëllt huet (et muss emol net ganz vill sinn), de Butz sech drun héich zéie kann an da gären ufänkt mam Waasser am Eemer ze spillen. Wann en d’Gläichgewiicht verléiert a Kapp iwwer an den Eemer fält, kann e sech net selwer aus dem Waasser hiewen a kann « lautlos » erdrénken. Leider war dat eng wouer Geschicht, déi d’Coursleaderin selwer erlieft hat, déi awer glécklecherweis um Enn gutt ausgoung.

Et war scho mi spéit am Nomëtteg, an d’Kanner waren amgaange bei eis, nieft dem Dësch, ze spillen. Nieft den Dëscher war de Weier, keng 2 Meter dovun ewech. Engem Erwuessene goung d’Waasser just bis ënnert de Knéi. D’Kanner haten sech ameséiert beim Versuch Kaulquappen ze fänken.

Eise Jong wollt sech seng knaschteg Fanger propper maachen, an ech hat em geroden se am Weier ze spullen, sou wéi en dat scho puer mol gemaach hat.

Déi Zäit, nodeems ech dat sot, wou ech mech dem Dësch zougewandt hunn, him de Réck gedréint, eng Schlupp gedronk, an hien erëm gekuckt hat, war et geschitt:

Hie war an de Weier gefall. „Lautlos“. De Kierper louch beweegungslos am Waasser, just seng Féiss waren um Rand vum Weier ugekrämpt. De Reflex vu sengem Kierper huet wahrscheinlech veruloosst, dass hie sech esou um Beckerand mat de Féiss festgehalen huet. D’Waasser war just 30 cm ënnert dem Rand vum Buedem, a jo net déif. An trotzdeem huet déi Positioun an de Schock vum dra falen dozou gefouert, dass hie sech net méi beweegt huet.

Hien ass wéi dout uewen um Waasser gedriwwen, e Bild, dat sech an eis agebrannt huet. Et huet just 1-2 Sekonne gebraucht bis mer reagéiert hunn, an awer eng gefillten Éiwegkeet. Mäi Mann huet de selwechten Ament di Szene gesinn. Hien ass nach méi séier ewéi ech opgesprongen, war och just e Schrack vum Bouf ewech, huet hie mat de Féiss gepak an erausgehuewen.

Wou eise Jong op senge Féiss stoung, huet e just verwonnert gekuckt, net gehouscht, a war och net erféiert. Zum Gléck och net traumatiséiert.

Et ass alles gutt ausgaangen, och wann eis als Elteren déi Situatioun an de Schanke stieche bliwwen ass, an eis och net méi aus dem Kapp goe wäert.

  Et huet bewisen, ewéi „roueg » d’Erdrénke geschitt, esouguer am nidderege Waasser. Hien hätt just bräichten seng Féiss ënnert säi Kierper ze bréngen, a sech opzestellen, fir nees sécher ze sinn. Et huet eis och geléiert, Kanner NIMOOLS eleng bei Waasser ze loossen, och wann et net déif ass, an et war d’Beispill op d’Exempel vum Thema, iwwer dat mir nach de selwechten Dag an der Ronn geschwat haten.

  Aus där Situatioun hate mir geléiert, hunn eis awer dofir net ageschränkt, weiderhi schwammen ze goen, oder z.b am Summer e Baseng opzeriichten.

E puer Méint mi spéit, hunn mer eis an engem Waasserpark vill am Waasser opgehalen. Wéi virgeschriwwe vum Etablissement, krut de Klengen eng Schwammwest un, déi speziell fir Kanner geduecht war. Mir hunn se richteg befestegt a konnten esou mat him och a Waasser schwammen, wou hie kee Buedem krut. Trotz dass mer d’West op e Maximum zougezunn haten, hat hie nach „Sputt“ dran, wat awer keng Aschränkung war.

Kuerz hu säi Papp an ech eng kleng Waasserschluecht gemaach, an hie war nieft eis, mat senger Schwammwest an dem mi déiwe Waasser. Déi hallef Minutt, wou mir eis géigesäiteg mat Waasser gesprëtzt hunn, hu mir hien natierlech net am A gehat. Deen Ament wou ech hie nees gesinn hunn, gouf et mir anescht: Hie war amgaangen ze kämpfen, fir net ënner ze goen! A senger Schwammwest ass hien iergendwéi no ënne gerutscht, seng Äerm, wéi bei engem Pullover, den e probéiert auszedoen, waren an der Luucht, an hien huet gestruewelt, fir nees erop ze kommen. Struewelend, mä alt nees ouni Kaméidi, wier hien och an dësem Fall direkt nieft eis erdronk.

Houschtend soutz hien um Beckerand, et goung em gutt an hien hat alt nees glécklecherweis just e klenge Schreck kritt.

Eng weider Lektioun, déi mir kruten: Och eng Schwammwest ass keng Garantie!

  Eis war ebenfalls verstäerkt bewosst ginn, dass Schwammmeeschter net alles gesinn a net iwwerall präsent kenne sinn.

  Dëst huet op e Neits nees bewise wéi séier et goe kann, dass aus enger harmloser entspaanter Situatioun bannent Sekonnen eng liewensbedreelech ka ginn.

  Mir konnten eis kee Virworf maachen, net gutt opgepasst ze hunn, et ass net méiglech e Kand ouni Paus ze kucken/iwwerwaachen. D’Schwammweste bidden – ewéi all onnatierlech Schwammhëllef – nëmme begrenzt eng Hëllef fir d’Kand, fir iwwer Waasser ze bleiwen.

  No dësen 2 Erliefnesser si mer dofir net méi Ängschtlech ginn, géintiwwer dem naassen Element, mir hunn och weiderhin nach vill Freed a Spaass um Waasser. Mä mir sinn entweder direkt nieft eisem Jong, oder loossen hie keng 2 Minutte méi aus den Aen.

Wat allerdéngs och erschreckend war, waren d’Geschichten, déi aner Frënn a Bekannten eis dorops hin erzielt hunn:

Eng Mamm hat hir 2 Kanner matenee gebuet, an huet just hannert sech de Shampoing gegraff, wou se sech ëmgedréint hat, louch dat Jéngst scho Kapp ënner Waasser. Eng aner war op enger Hochzäit, wou net gewosst war, dass op dem groussen Terrain och e Weier war. D’Kanner hu gespillt, ausser Siicht, mat den eelere Geschwëster, bis eent vun de Kanner bei di Erwuesse gelaf koum, dass e Klengt an d’Waasser gefall ass a net méi eraus koum. Och déi dramatesch Szene, wou souguer den Helikopter komm war, goung zum Gléck gutt aus.

Kanner net eleng beim Waasser loossen, ëmmer en A drop hunn a beschtefalls no beim Kand bleiwen. Dat ass mäi Rot un all Elteren.

Artikel aus der Elternzeitschrift „baby info“ 1/2019